Den Europäeschen Aarbechtsmaartbarometer huet am November fir déi siwente Kéier hannereneen e Réckgang gewisen. Den Aarbechtsmaart-Leader-Indikator vum Europäesche Netzwierk vun den ëffentlechen Aarbechtsservicer an dem Institut fir Beschäftegungsfuerschung (IAB) ass am Verglach zum Oktober 0.1 Punkten erofgaang a läit elo liicht ënner der neutraler Mark vun 100 Punkten op 99.7 Punkten. Et geet also just ëm eng kleng Ofsenkung par rapport zum Mount virdrun, well de Barometer virdrun nach méi séier gefall ass.
Mat enger Ofsenkung vun 0.1 Punkte läit de Volet fir d'Prognose vum Chômage momentan um Niveau vun 98.2 Punkten, wat de Chômage an den europäesche Länner eropgeet. De Volet vun der Beschäftegungsprevisioun ass ëm 0.2 Punkten op 101.1 Punkte gefall, bleift dofir awer nach an der positiver Zone. A kengem vun den osteuropäesche Länner weist de Barometer awer Wäerter iwwer 100. Hei gesäit den Enzo Weber, IAB Chef vun der Prognose, eng Verbindung mam russesche Krich géint d'Ukraine.
Déi europäesch Aarbechtsmäert hunn duerch d'Auswierkunge vum Krich hiren Dynamik verluer
seet de Weber.
Hannerlooss eng Äntwert